header

Extraits Galerie L'artiste Calendrier Critiques Contact Liens

Extraits de mon livre

Liewen - loossen - liewen - le'eren ?
Dreemen, Zukunft, sech réalise'eren ?
Roueg, beschaulech, lieweg, wibblesch ?
Frech, bockeg,
Sensibel, tockseg ?

Mu mu, mäh
Dada ass okäää.

Schlofen ? granzen ? spekule'eren ?
Molen, molen, molen,
An sech re'eren !

Mu mu, mäh
Dada ass okäää.

Biller jeitzen, Biller je'meren,
Biller sollen een entfe'eren.

Biller laachen, Biller sangen,
Mais dofir Biller plangen ?

Biller ruffen, Biller wibbelen,
Biller musse méi wéi kribbelen.

Dierfe Biller eis bele'eren ?
Solle Biller wierklech ste'eren ?

Soen si neischt, da stellt sech d'Fro:
Woufir sin dës Biller do ?

Mu mu, mäh mäh
Dada ass oké...